CONTACT

+352 274 965

Beautiful Landscape
  • Blanc RSS Icon

Find us on Facebook

Infomann.JPG

InfoMann a.s.b.l.

Keen muss all Erausfuerderung an sengem Liewen eleng bewältegen. Dofier offréiert infoMann jonken an erwussennen Männer, onofhängeg  vun Alter, Sexualitéit, Glawen, Origine, etc. een opent Ouer, ouni Jugement.

 

Bei eis fannen si  ee  geschützte Raum an deem si  frei iwwert dat wat si beweegt schwätze kënnen  an derbäi  begleet ginn  verantwortungsvoll Entscheedungen fir hiert Liewen ze treffen. Mir bidden   gratis psychosozial Consultatiounen zu ville  verschiddenen Themen, wéi  zum Beispill:

  • Bezéiungen (Partner, Famill, Frënn, Aarbechtskolleegen, etc.)

  • Wuelbefannen (kierperlech, emotional, psychesch, sozial, sexuell, etc.)

  • Sexualitéit

  • Gewalt

  • Identitéit

  • Etc.

 

infoMann engagéiert sech ausserdem nach duerch verschidde  Projeten an der Educatioun an an der Sensibilisatioun vum  Public, fir e positiven Discours iwwert Männer, Jongen an Männlechkeet ze encouragéieren   an esou géint schiedlech Stereotyppe virzegoen.  

Dir kënnt eis kontaktéieren  fir een éischt vertraulecht Gespréich ze fixéieren an deem mir är Situatioun beschwätzen, an zesummen iwwert deen beschte  weidere  Verlaf decidéieren.